Nom Doud vum Jesus de Miguel: Spär vun 12 Matcher fir de Golkipp vum FC Andorra
De Jesus Owono hat säi Géigespiller esou uerg mam Knéi getraff, dass dësen u senge Blessure gestuerwen ass.
Verëffentlecht: 13.11.26 22:01, Update: 13.11.26 22:11

De Golkipp vum FC Andorra, de Jesus Owono ass vum disziplinaresche Kommitee vun der spuenescher Futtball-Federatioun fir 12 Matcher gespaart ginn. Dat gouf e Freidegowend bekannt.
Den Nationalgolkipp vun Äquatorialguinea war bei engem Match vum FC Andorra géint den CD Teneriffa den 2. November an der zweeter spuenescher Liga aus dem Gol erausgestiermt. Dobäi hat hien de Jesus de Miguel vun Teneriffa mat ausgestrecktem Knéi getraff. De Miguel gouf dobäi esou uerg blesséiert, dass hie spéider am Spidol gestuerwen ass.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗