Nationale Futtball: Vitor Pereira net méi Trainer vu Biissen

De Vitor Pereira an den FC Atert Biissen gi vun elo u getrennte Weeër. Dat huet de Champion vun der leschter Saison op de soziale Medien annoncéiert. Den 48 Joer ale Portugis hat déi Biisser am Summer 2025 iwwerholl a gouf direkt an der éischter Saison an der Veräinsgeschicht Champion als Opsteiger.

Dës Saison stinn déi Giel-schwaarz no 12 Spilldeeg mat 25 Punkten op der 4. Plaz an der Tabell. E Successeur huet de Veräin nach net bekannt ginn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅