Op der Escher Gemengeplaz: Mam Zichelchen op de Chrëschtmaart
De Chrëschtmaart zu Esch mécht um Freideg den 13. seng Dieren op. Chrëschtambiance eng 6 Woche virun de Feierdeeg.
Verëffentlecht: 13.11.26 19:49, Update: 13.11.26 20:06

Mam Zichelchen op den Escher Chrëschtmaart
De Chrëschtmaart zu Esch mécht um Freideg den 13. seng Dieren op. Chrëschtambiance eng 6 Woche virun de Feierdeeg.
Vum Freideg 13.November bis Mëttwochs den 23. Dezember 2026 dauert den Escher Chrëschtmaart. Virum Gemengenhaus stinn eng 20 verschidde Chaleten a Kannerspiller.
Den Entrée ass gratis.

© René Pfeiffer

© René Pfeiffer

© René Pfeiffer

© René Pfeiffer

© René Pfeiffer

© René Pfeiffer

© René Pfeiffer
Chrëschtmaart zu Esch
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Vu méindes bis donneschdes kann ee vu mëttes 12 bis owes 8 iwwert de Chrëschtmaart spadséieren. Dat selwecht gelt fir sonndes. Freides a samschdes ass vu mëttes 12 bis owes 22 op. Reegelméisseg ginn och verschidden Animatiounen ugebueden. Fir Grouss a Kleng.
Nei dëst Joer ass e klengen Zuch, deen tëscht der Brill- a Gemengeplaz duerch d'Uelzechtstrooss fiert. Et gi 4 verschidden Arrêten a Plaz am Zichelchen ass fir 45 Leit.
Parkplazméiglechkeete ginn et am Sous-Terrain vun der Gemeng oder am Parkhaus op der Brillplaz.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗