Lycée Edward Steichen: Géint de suspendéierten Direkter leeft nach ëmmer eng Disziplinar-Prozedur

Zënter 3 Joer maachen an der Abteistad zwee Adjointen de "faisant fonction".

Iwwert eng eventuell Neibesetzung vum Poste kéint eréischt decidéiert ginn, wann d ’Instruktioun vum zoustännege Commissaire op en Enn komm ass an de Conseil de discipline dann deemno wéi eng Decisioun geholl huet.

Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch dem CSV-Deputéierten a fréiere Klierfer Buergermeeschter Emile Eicher op eng parlamentaresch Fro.

Och d'Justiz hat géint den Direkter ermëttelt. Et goung ëm Drogen, illegale Waffebesëtz a Suen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅