Verhandlungen iwwer Enn vum Krich: D'E5-Länner an d'EU vertrieden Europa bei den Ukrain-Gespréicher

De Rotspresident Costa am Gespréich mam franséische Staatschef Macron um informellen EU-Sommet zu Dublin.

D'Staats- a Regierungscheffe vun der EU si sech eens, wien Europa bei de Gespréicher iwwert en Enn vun Ukrainkrich vertrëtt. Wéi den EU-Rotspresident Antionio Costa e freideg no dem informellen EU-Sommet zu Dublin sot, wäert dat "europäescht Verhandlungsteam fir de Fridden an der Ukrain" aus "den Institutioune vun der Europäescher Unioun an den E5 bestoen".

Bei de sougenannten E5-Länner handelt et sech ëm Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Polen.

Bei den EU-Institutiounen wäert et sech ëm d'EU-Kommissioun an den EU-Rot handelen, esou d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi iwwerdeems betount huet, dass een d'Ukrain weider ënnerstëtzen an déi eegen Interesse schütze géif.

Nodeems d'USA Gespréicher tëscht der Ukrain a Russland vermëttelt huet, gouf an der EU verstäerkt doriwwer diskutéiert, wie bei dësen Diskussioune fir Europa mat um Dësch sollt sëtzen. Wärend kleng Memberlänner an d'EU-Institutioune sech fir d'EU-Ausseboptraagt Kaja Kallas oder de Rotspresident Costa ausgeschwat hunn, wollte grouss Memberstaate wéi Däitschland oder Italien selwer Ënnerhändler op d'Verhandlunge schécken.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅