World Triathlon Championship: 2. Plaz fir d'Jeanne Lehair zu Abu Dhabi

Weider staark Prestatioun vum Jeanne Lehair am Triathlon. D'Lëtzebuergerin koum e Freideg um World Triathlon Championship Manche zu Abu Dhabi um Enn op déi 2. Plaz an huet wéi de Weekend zu Hong Kong op en Neits géint d'Diana Isakova de Kierzere gezunn. D'Russin hat um Enn eng Avance vun 3 Sekonnen op d'Jeanne Lehair.

Donieft koum d'Linda Krombach bei den Dammen op déi 36. Plaz. Bei den Hären hu sech de Lucas Cambresy als 31. an den David Lang als 33. klasséiert. Den Theo Marti ass d'Course net op en Enn gelaf.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅