Sécherheet virun de Feierdeeg: Police annoncéiert verstäerkt Presenz op Chrëschtmäert

D'Police wäert verstäerkt op de Chrëschtmäert uechter d'Land kontrolléieren.

D'Police huet fir d'Zäit vun de Chrëschtmäert uechter d'Land preventiv Patrullen annoncéiert, fir domat visibel Presenz ze weisen.

Zum Beispill op de verschiddene Sitte vun de Winterlights an der Stad, grad esou wéi an den noen Alentouren dovun, wäerten d'Beamte patrulléieren. Virun allem an de Stousszäite wäert d'Police verstäerkt am Asaz sinn, net nëmmen op de Mäert, mee och am ëffentlechen Transport. An deem Kader de Rappell, dass d'Kommissariat an der Rue du Fossé an der Uewerstad zanter Mee ronderëm d'Auer besat ass.

© Police Lëtzebuerg

© Police Lëtzebuerg

© Police Lëtzebuerg

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Och op a ronderëm d'Chrëschtmäert uechter d'Land wäert d'Lëtzebuerger Police eng verstäerkt Presenz weisen an dobäi mat den Organisateuren an de jeeweilege Responsabele vun de Gemengen zesummeschaffen, fir adäquat Dispositiffen opzestellen, fir e Maximum u Sécherheet ze garantéieren.

D'Police erënnert dorun, dass grouss Eventer an Usammlunge vu Mënschen Onéierlecher unzéien, virun allem Täschendéif, a gëtt dowéinst ë.a. déi heiten Tipps:

  • Visiteure sinn opgeruff, op hir Saachen opzepassen a just dat matzehuelen, wat wierklech néideg ass.
  • Rucksäck a Posche soll ee viru sech droen, de Contenu vum Portmonni net ëffentlech weisen an dësen am beschten no um Kierper droen.
  • Froen no Kollekten an Ënnerschrëftenaktioune soll een aus de Féiss goen.
  • Sech net vun Onbekannten upaken oder ëmäermele loossen.
  • Bei Ticketsautomaten oppassen a sech net vun Onbekannten oflenke loossen.
  • Net zécken an all suspekt Persoun de Beamten op der Plaz oder um 113 mellen.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅