Kleeder an Handy geklaut: Mann no e puer Déifställ zu Stroossen festgeholl

E Mann hat e puer Kleedungsstécker matgoe gelooss, ouni se ze bezuelen. E Sécherheetsbeamte konnt de presuméierten Déif festhalen.

Bei enger Kontroll huet d'Police nach eng Jackett fonnt, déi méiglecherweis och geklaut war. Ausserdeem hat de Mann en Handy aus engem Liwwerwon um Parking vum Akafszenter geklaut.

Déi geklaute Géigestänn konnten hire rechtméissege Besëtzer zeréckginn ginn. De Mann hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅