380-kV-Héichspannungsleitung: Tracé-Ännerung bei Eesebuer brauch keng nei Ëmweltimpaktstudie
380-kV-HéichspannungsleitungTracé-Ännerung bei Eesebuer brauch keng nei Ëmweltimpaktstudie
D'Ëmweltverwaltung huet decidéiert, datt déi geplangte Modifikatioun vum Tracé vun der 380-kV-Héichspannungsleitung tëscht Aach (D) a Boufer, an der Géigend vun Eesebuer, keng nei ausféierlech Ëmweltimpaktstudie erfuerdert.
Verëffentlecht: 13.11.26 12:47
D'Ännerung soll eng méi direkt Verbindung mat der neier Transformatiounsstatioun erméiglechen, den Ofstand zu den Uertschaften Eesebuer an Aasselscheier vergréisseren an duerch Upassunge vun der Positioun an der Héicht vun de Masten eng besser landschaftlech Integratioun garantéieren.
No der virleefeger Ëmweltpréiwung ginn duerch dës Ännerung keng bedeitend zousätzlech Auswierkungen op d'Bevëlkerung, d'Natur, d'Natura-2000-Schutzgebitt oder d'Waasserressourcë erwaart. Dëst ënner der Viraussetzung, datt déi virgeschriwwe Schutz- a Präventiounsmesuren ëmgesat ginn.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗