Gemengerotsmember zu Hesper: DP-Politiker Ali Thull am Alter vun 71 Joer gestuerwen

Den Ali Thull koum 1990 an den Hesper Conseil, wou hien tëscht dem Joer 2000 a bis 2017 och Schäffe war, éier hien sech als Zweetgewielten hannert dem Claude Lamberty aus der aktiver Lokalpolitik zeréckgezunn huet a vum Henri Pleimling ersat gouf.

Dem liberale Politiker, dee gebiertegen Hesper war, säi sportlechen Interessi war komplett fir de Futtball reservéiert, wou hien als Spiller an duerno als President vum FC Swift Hesper aktiv war. D'Hesper DP-Lokalsektioun erënnert un e jovialen a gesellege Mënsch, deen et mat senger Häerzlechkeet an Oppenheet an der Mëtt vun der Gesellschaft stoung an et domat verstanen huet, d'Hesper Leit beieneen ze kréien.

Den Ali Thull hannerléisst seng Fra a säi Jong.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅