Wichteg Verkéiersachs tëschenduerch komplett zou: Rout Bréck no Accident mat aacht Autoen nees op

E Freideg de Moie gouf et ee gréisseren Accident op der Rouder Bréck, duerch deen d'Haaptverkéiersachs fir an d'Stad tëschdenduerch komplett gespaart war.

Verëffentlecht: 13.11.26 09:15, Update: 13.11.26 09:25

Der Police no waren aacht Autoen am Coup. A béide Richtungen ass eng Spuer op der d'Bréck gespaart, ma den Tram fiert nach. D'Bréck huet misse fir Streeaarbechte kuerz komplett gespaart ginn.

RTL-Informatiounen no gouf et e Freideg de Moien an de glate Stroossekonditiounen nom éischten Accident nach een zweeten op der Bréck. D'Stroossespär huet fir Stau op béide Säite vun der Bréck gesuergt, wou d'Autoen deels Demi-tour gemaach hunn, well et net méi no vir an no hanne goung.

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅