Stéierung behuewen: Zuchtrafic tëscht Beetebuerg an Diddenuewen normaliséiert sech

Wéinst engem Problem op der Streck Stad-Thionville-Metz fueren aktuell a béid Richtunge keng Zich tëscht Beetebuerg an Diddenuewen.

Verëffentlecht: 12.11.26 17:29, Update: 12.11.26 17:33

Wéinst engem Problem um franséische Reseau ass d'Zirkulatioun op der Streck Stad-Thionville-Metz tëscht Beetebuerg an Diddenuewen a béide Richtungen ënnerbrach. Dat deelen d'CFL an engem Communiqué mat.

D'Ekippe vun der SNCF sinn op der Plaz, fir de Problem an de Grëff ze kréien. Aktuell kéint een awer nach net viraussoen, wéi laang d'Aarbechte géingen daueren.

D'CFL entschëllege sech bei de Passagéier a verweise fir Alternativen an Horairen op cfl.lu, respektiv op d'CFL-App.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅