Regierungsrot: Wënzer, Uebst- a Geméisbauere solle cibléiert Kompensatioune vum Staat kréien

Donieft ass de Gesetzsprojet, fir der Croix-Rouge hiren neie Bluttspendezenter ze subventionéieren op den Instanzewee geschéckt ginn. De Finanzminister Gilles Roth hat jo hei op Antenn erkläert, datt de Staat dësen Zenter, deen aus der Stad mat an déi nei Maison de la Croix-Rouge um Houwald plënnert, géif mat 39 Milliounen Euro ënnerstëtzen. Engem Avis juridique no hätt d‘Croix-Rouge d‘Constructioun vun deem neie Gebai mussen ëffentlech ausschreiwen, fir dës Subventioun kënnen ze kréien. D‘Regierung ass do awer anerer Meenung a bréngt den entspriechende Gesetzesprojet elo wéi gesot op de Wee.

An och de Gesetzesprojet fir d‘Grond- a Mobiliséierungssteier fir eidel Bauterrainen ass op Basis vum Avis vum Staatsrot ugepasst ginn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅