Op oppener Strooss zu Washington D.C.: Op d'mannst 2 Doudeger a 4 Blesséierter bei Schéisserei

Bei engem Virfall mat enger Schosswaff am Zentrum vu Washington sinn en Donneschdeg op d'mannst véier Persounen ugeschoss ginn. Dat mellen déi lokal Autoritéiten, déi am op der Plaz am Asaz sinn. Am Quartier Logan Circle, ronn eng Meil vum Wäissen Haus ewech, wier et virun engem Fitnessstudio zu enger Schéisserei komm.
Aenzeien no wier op d'mannst eng Persoun um Kapp blesséiert ginn. Am Fitness hätt en Onbekannten op eng Persoun geschoss an hätt beim Verloosse vum Gebai nach anerer blesséiert. Aktuell géing de presuméierten Täter sech an engem Appartement verbarrikadéieren.
Awunner an der noer Ëmgéigend sinn opgefuerdert, de Beräich vum Virfall z'evitéieren. D'Police ass mat engem Groussasaz amgaangen.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗