Premier League Saison: Manchester United entléisst den Trainer Michael Carrick

Manchester United huet sech vu sengem Trainer Michael Carrick getrennt. De Club reagéiert domat op de schlechte Start an eng Premier League Saison.

Verëffentlecht: 12.11.26 12:33, Update: 12.11.26 12:34

De fréieren United-Mëttelfeldspiller Michael Carrick gouf mat Manchester United an der leschter Saison nach drëtten am Championnat. Aktuell huet d'Ekipp awer aus den éischten 10 Matcher just 8 Punkte gesammelt a befënnt aktuell am Kampf géint den Ofstig.

Den aktuellen US-Nationaltrainer Mauricio Pochettino gëllt als grousse Favorit, den Trainerstull vum Traditiounsclub ze iwwerhuelen. Den Argentinier huet vill Erfarung an der Premier League a war schonn Trainer vu Southampton, Tottenham a Chelsea. Donieft huet hien och Paris Saint-Germain trainéiert.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅