Gemeng gestiermt a Schlëssel iwwerreecht: Zu Käerch huet d’Fuesent ugefaangen
D’Fuesgecke sinn nees lass. Nodeems an Däitschland e Mëttwoch de Moien um 11:11 Auer traditionell d’Fuesent lancéiert gouf, ass och hei am Land déi fënneft Joreszäit agelaut ginn.
Verëffentlecht: 12.11.26 10:58

© Nicky Soisson

© Nicky Soisson

© Nicky Soisson

© Nicky Soisson

© Nicky Soisson

© Nicky Soisson

© Nicky Soisson
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Zu Käerch war et um 18:11 Auer esou wäit: D’Gemeng gouf gestiermt an de Buergermeeschter Dan Wirth huet de Schlëssel vun der Gemeng un d’Fuesgecken iwwerreecht. Domat ass d’Muecht fir déi geckeg Zäit, op d’mannst symbolesch, an den Hänn vun de Fuesgecken.
Optakt vun der Fuesent zu Käerch / Reportage Nicky Soisson
An zu Käerch gëtt et dëst Joer och nees genuch Grond, sech op d’Fuesent ze freeën. De 27. Februar 2027 steet hei déi drëtt Nuetskavalkad um Programm.
D’Fuesent soll awer net eréischt mam Cortège lassgoen. Scho freides owes ass den Optakt geplangt, an de ganze Weekend iwwer soll zu Käerch gefeiert ginn.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗