Vill Ausfäll a Krankeschäiner: Protestpiquet virum Tice-Siège zu Esch
Vill Ausfäll a KrankeschäinerProtestpiquet virum Tice-Siège zu Esch
Déi Lénk maachen op Mëssstänn beim interkommunale Busreseau Tice opmierksam.
Verëffentlecht: 12.11.26 08:06

Beim interkommunale Busreseau Tice ginn et eng Rei Problemer. An den éischten 10 Méint vum Joer sinn zum Beispill 2.019 Trajete ganz oder deels ausgefall. Dat gouf een an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro gewuer. Et gëtt vill Krankeschäiner an 1.320 Chaufferen hu missen aus hire Repos-Zäite zréck geruff ginn.

Déi Lénk Sektiounen aus dem Süden hu wéinst de Problemer fir en Donneschdeg den Owend – virun der nächster Sëtzung vum Tice-Comité - virum Siège zu Esch zu engem Protestpiquet opgeruff. D'Membere vum Comité sollen och d’Reklamatiounen a Fuerderunge vun de Benotzer iwwerreecht kréien, déi déi Lénk am Kader vun der Campagne "Bring back the buses" gesammelt hunn.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗