Nei Petitiounen: Lëtzebuerg soll och Autobunnsvignette kréien a Fürerschäinsexame soll a Schoulcoursen integréiert ginn

D’Fuederungen si jo ëmmer ganz verschidden an deels och kreativ. Sou gëtt proposéiert, datt och Lëtzebuerg soll eng Autobunnsvignette aféieren. Well d’Belsch eng Vignette aféiert, soll d’Belsch Sue gestrach kréien, déi se aus dem Lëtzebuerger Frontaliersfong kréien, ass och de Sujet vun enger Petitioun.

D’Theorie vum Fürerschäin an och den Theoriesexamen sollen an de Stonneplang vum Lycée integréiert ginn. Fir d'Buschauffere gi gratis a beheizten Toiletten op all Terminus gefuerdert an e KI-Abo, zum Beispill vun ChatGPT, soll ee fir d’Aarbecht vun de Steiere kënnen ofsetzen.

5.500 Ënnerschrëfte mussen zesummekommen, fir datt an der Chamber iwwer dee Sujet diskutéiert gëtt. Den nächsten Debat iwwer eng Petitioun ass och scho geplangt. De 14. Januar gëtt iwwer en Urgence-Plang fir d’Zuchlinn Metz-Thionville-Lëtzebuerg diskutéiert. 5.860 Leit haten déi Petitioun ënnerschriwwen.

All déi oppe Petitiounen, déi den Ament kënnen ënnerschriwwe ginn, fannt Dir hei.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅