Invité vun der Redaktioun (12. November) - Laurent Mosar: Dogéint, datt "beim Staat an Zukunft weider nach massiv soll ausgebaut ginn"

De Staat muss säi Rimm méi enk zoumaachen, net d'Bierger. Lëtzebuerg däerf sech net op sengem Wuelstand ausrouen. Dat si just e puer vun de ville Messagë vum CSV-Deputéierten a Finanzschäffen an der Stad, de Laurent Mosar, op senge soziale Reseauen. Hien ass Member vun der CSV-DP Majoritéit op nationalem an DP-CSV op kommunalem Niveau an der Stad.

Mir froen hien, wat hie sech vu senger Partei a Punkto Astellungspolitik a Gehälteraccord beim Staat erwaart. Donieft, wéi Lëtzebuerg ka méi wirtschaftlech wuessen a gläichzäiteg de Wunnraum dofir hunn.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅