OGBL: Erneierung vum Kollektivvertrag bei C&A Lëtzebuerg

OGBLErneierung vum Kollektivvertrag bei C&A Lëtzebuerg

Wéi den OGBL de Mëttwoch de Moien an engem Communiqué matdeelt, gouf de Kollektivvertrag fir eng Period vun zwee Joer erneiert.

Verëffentlecht: 11.11.26 10:44

Den OGBL an d'Direktioun vu C&A Lëtzebuerg hunn en neie Kollektivvertrag fir zwee Joer ënnerschriwwen. Dovunner profitéieren iwwer 80 Mataarbechter.

Zu de wichtegste Verbesserunge gehéieren Iessbongen am Wäert vun 8 Euro zënter September 2026, méi Congésdeeg fir verschidde Mataarbechter an 16 Stonne Sozialcongé pro Joer.

Och d'Déngschtalterprimme ginn erhéicht: 500 Euro no 30 Déngschtjoren an 800 Euro beim Pensiounsantrëtt. Sonndes- a Feierdeegsaarbecht soll nëmmen nach am géigesäitegen Accord stattfannen.

Den OGBL begréisst den Accord als e wichtege Fortschrëtt fir d'Aarbechtskonditiounen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅