Ee Joer nom Trounwiessel: Grand-Duc Guillaume feiert seng 45 Joer
Ee Joer nom TrounwiesselGrand-Duc Guillaume feiert seng 45 Joer
De Grand-Duc Guillaume feiert e Mëttwoch säi Gebuertsdag.
Verëffentlecht: 11.11.26 06:00, Update: 11.11.26 06:00
Ierfgroussherzog Guillaume: Säi Liewen a Biller
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Zanter gutt engem Joer steet de Grand-Duc Guillaume un der Spëtzt vu Lëtzebuerg. E Mëttwoch feiert de Groussherzog seng 45 Joer.
De Guillaume gouf den 11. November 1981 als eelste Kand vum deemolegen Ierfgroussherzog Henri an der Ierfgroussherzogin Maria Teresa gebuer. Als eelste Jong vun der groussherzoglecher Koppel war fir hie scho fréi eng zukünfteg Roll un der Spëtzt vun der lëtzebuergescher Monarchie virgesinn.
PDF: D'Schreiwes vun der Maison du Grand-Duc iwwert de Gebuertsdag vum Groussherzog Guillaume
Hien ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt ginn an ass zanter dem 19. Oktober 2012 mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bestuet. Den 3. Oktober 2025 ass hien offiziell Grand-Duc ginn.
Eng nei Ära um Haff: Vum Prënz zum Grand-Duc
Et ass um Nationalfeierdag 2024, op deem de Grand-Duc Henri annoncéiert, dass et Zäit wier, fir säin eelste Fils op säin zukünftegen Rôle ze preparéieren.
Den 10. Mee 2020 ass den Ierfgroussherzog eng éischte Kéier Papp ginn. Um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte koum den Trounfollger Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt. Säi klenge Brudder Prënz François, dee mat ganzem Numm François Henri Louis Marie Guillaume heescht, koum de 27. Mäerz 2023 op d'Welt.
Den Trounwiessel am Replay
Mat Commentaire vum Mariette Zenners a Roy Grotz.
Trounwiessel: Best-of groussherzoglech Koppel (3.-5.10.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Grand Duc-Guillaume leet säin Eed an der Chamber of (Steve Müller)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗