Zwee Europameeschtertitele fir Lëtzebuerg: Liz Conzemius an Nicolas Beroldt wannen EM-Titel am Blannen-Tennis

D'Lëtzebuergerin konnt sech souwuel am Dubbel Mixed, wéi och am Eenzel an der Kategorie B2 behaapten.

Verëffentlecht: 10.11.26 17:36, Update: 10.11.26 17:40

Op der IBTA-Europameeschterschaft zu Kozerki a Polen hat d'Liz Conzemius e gudde Grond, fir zweemol ze feieren. D'Lëtzebuergerin konnt sech am Dubbel Mixed, zesumme mat hirem Partner Nicolas Beroldt, den Europameeschtertitel an der Kategorie B2 am Blannen-Tennis sécheren.

Genau sou gutt ass et och am Eenzel gelaf, wou si hiren EM-Titel vum leschte Joer verdeedege konnt. Enn August war d'Liz Conzemius donieft am Eenzel an am Dubbel Weltmeeschterin ginn.

Hire Coequipier Nicolas Beroldt koum am Eenzel um Enn op déi 5. Plaz. Insgesamt ware 65 Athletinnen an Athleten aus 12 verschiddene Länner op der EM dobäi.

Liest hei zou och:

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅