Büroen, Wunnengen a Butteker: Stater Gare kritt mam Quartier "Nei Hollerech" en neit Gesiicht

Wéini déi éischt Gebaier solle stoen, gëtt um Dag, op deem de Compromis ënnerschriwwe gouf, awer nach net verroden.

Verëffentlecht: 10.11.26 17:25

D'Stater Gare kritt mam Quartier "Nei Hollerech" en neit Gesiicht. Dee Projet ass dësen Dënschdeg mat der Ënnerschrëft vun engem Compromis tëscht dem Besëtzer vum Terrain Paul Wurth Real Estate an dem neien Groupement Baltisse - BPI Real Estate e Stéck méi konkret ginn.

Iwwert de Präis gëtt natierlech näischt verroden, just, datt um Site vun de fréieren Fabrickshalen zu Hollerech wäert e komplett neien Quartier op enger Surface vun knapp 35.000 Meter Carré entstoen, wou Büroen, Wunnengen a Butteker kënnen dra plënneren.

2020 war ugefaange ginn, d'Hale vu Paul Wurth ofzerappen. Dee Chantier ass ofgeschloss, esou datt den Terrain elo ka bebaut ginn. Wéini dat konkret geschitt an wéini d'éischt Gebaier bis solle stoen, gëtt net preziséiert.

PDF: D'Schreiwes

BPI Real Estate ass zanter iwwer 20 Joer hei am Land aktiv an steet ënner anerem hannert de Projeten Kennedy Park um Kierchbierg a Roots op Esch-Belval.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅