Bauzäit vu minimum dräi Joer: CGDIS kritt neie Logistikzenter um Mierscherbierg
De CGDIS baut aus, awer net um Haaptsite op der Cloche d'Or, mee um Mierscherbierg, wou e fuschneie Logistik-Zenter fir de Corps vun de Beruffspompjeeën entsteet.
Verëffentlecht: 10.11.26 17:02

© CGDIS

© CGDIS


The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Virgesinn ass en Invest vun 110 Milliounen Euro an eng Bauzäit vun op d'mannst dräi Joer. Nei ass, datt de Chantier zesumme mat der Europäescher Investitiounsbank (BEI) an der Spuerkeess realiséiert gëtt, déi sech d'Fraise vum Bau zur Hallschent deelen.
Déi nei Logistik-Infrastruktur stellt an Zukunft op enger Fläch vun 18.000 Metercarré d'technescht a logistescht Kärstéck fir de Stockage an Entretien vun de CGDIS-Gefierer an de spezialiséierten Equipementer duer.
De Grondstee fir den neie CGDIS-Zenter (CALT) gouf en Dënschdeg a Presenz vum Inneminister Gloden, dem Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe an dem CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder um Mierscherbierg geluecht.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗