Matdeelung vu Luxair: Perturbatioune méiglech wéinst Streik a Spuenien a Stuerm a Portugal

Generalstreik a Spuenien
De fir e Mëttwoch annoncéierte Generalstreik a Spuenien wäert Auswierkungen hunn op den internationale Fluchverkéier. Luxair réit dowéinst hire Passagéier a Spuenien, op d'mannst dräi Stonne virum Depart um Fluchhafen ze sinn. Leit, déi um Findel a Richtung Spuenien fortfléien, och mat Zäiten do ze sinn a sech op eventuell Retarden anzestellen.
E Mëttwoch ass Generalstreik a Spuenien
En Dag virdrun an och nach en Donneschdeg wäert déi spuenesch Bunn streiken.
Stiermescht Wieder a Portugal
E schlëmme Stuerm mat Wandspëtzte bis 120 Kilometer an der Stonn ass ënnerwee a Richtung Portugal. Dowéinst wäerten e Mëttwoch op ville Plaze Schoulen an Administratiounen zou bliwwen. Jiddereen dee kann, soll doheem bleiwen, esou den Appell vum Inneminister Neves. An 8 Bezierker vum Land, dorënner d‘Haaptstad Lissabon, gëllt eng Alerte rouge.
D'Passagéier, déi den 11. November mat der Luxair a Portugal oder vun do op Lëtzebuerg wëlle fléien, si gebieden, de Status vun hire respektive Vollen ze verifiéieren, éiert si sech op de Wee a Richtung Fluchhafe maachen. Retarden, Modifikatiounen oder Annulatioune si méiglech.
Donieft deelt déi national Fluchgesellschaft mat, dass si d'Situatioune genee observéiert a versicht, sou vill wéi méiglech Perturbatiounen z'evitéieren an dee beschtméigleche Service ze garantéieren. All concernéiert Luxair- a Luxairtours-Cliente wäerte bei Changementer kontaktéiert ginn iwwert déi Donnéeën, déi si bei der Reservatioun hannerluecht hunn.
Liest hei de Communiqué vu Luxair op Franséisch.
Liest hei de Communiqué vu Luxair op Englesch.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗