Zu Winterberg an Nordrhein-Westfalen: 20 Joer ale Lëtzebuerger a Bikepark schwéier blesséiert, Rettungshelikopter am Asaz
Wéi de Policebüro vum Hochsauerlandkreis schonn e Méindeg gemellt huet, koum et an engem Bikepark zu Winterberg zu zwee schwéieren Accidenter, bei deenen an engem Fall e Lëtzebuerger blesséiert gouf.
Verëffentlecht: 10.11.26 15:28

En 20 Joer jonke Mann aus Lëtzebuerg war e Freideg am Virmëtteg géint 11:10 Auer bei enger Offaart aus bis ewell ongekläerte Grënn gefall an huet sech dobäi schwéier blesséiert. Hie gouf vun engem Rettungshelikopter an e Spidol geflunn, esou d'Police weider. Am selwechte Bikepark wier iwwerdeems och den Dag drop e Kand gefall an hätt sech dobäi schwéier verletzt. Et gouf mat enger Ambulanz an d'Spidol gefouert.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗