No iranescher Menace: US-Tankfligere vu brittescher Militärbase evakuéiert
No enger Menace vun iranescher Säit huet d'US-Militär seng Tankfligere vun der Basis Mildenhall an Däitschland an a Spuenien relogéiert. Déi genee Ëmstänn sinn nach onkloer.
Verëffentlecht: 10.11.26 12:53, Update: 10.11.26 13:02
US-Tankfligere vu brittescher Militärbase evakuéiert
No enger Menace vun iranescher Säit huet d'US-Militär seng Tankfligere vun der Basis Mildenhall an Däitschland an a Spuenien relogéiert.
Dat US-amerikanescht Militär huet no enger iranescher Menace 9 Tankfligere vun enger Militärbase a Groussbritannien ofgezunn. Dat mellt de Wall Street Journal, ouni genee Detailer zur Bedroung ze nennen. Déi 9 Tank- an 3 weider Fligere wiere vu Mildenhall am ëstleche Suffolk op Basen an Däitschland an a Spuenien evakuéiert ginn.
Réischt virun e puer Woche waren US-Bombere vun der Airbase Fairford ofgezu ginn, nodeems et am Kontext mam Krich am Iran zu engem Sécherheetstëschefall komm war.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗