Damme Futtballnationalekipp: FLF-Selektioun spillt zwee Frëndschaftsmatcher géint Zypern

Damme FuttballnationalekippFLF-Selektioun spillt zwee Frëndschaftsmatcher géint Zypern

Déi zwou Partie ginn de 27. an 30. November am Ethnikos Achnas Stadion op Zypern gespillt.

Verëffentlecht: 10.11.26 11:39, Update: 10.11.26 12:03

Wéi déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun en Dënschdeg annoncéiert huet, spillen d'FLF-Dammen zwee Frëndschaftsmatcher géint Zypern. Déi béid Partie si fir de 27. an 30. November programméiert a ginn auswäerts am Ethnikos Achnas Stadion op Zypern gespillt.

De Kader fir déi béid Frëndschaftsmatcher gëtt den 19. November op enger Pressekonferenz zu Monnerech annoncéiert. Réischt virun enger Woch gouf bekannt, datt d'Rout Léiwinnen am Grupp 4 an der Liga C vun der Nations League d'nächst Joer géint Bosnien-Herzegowina, Estland a San Marino spillen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅