Zwou Persoune blesséiert: Dräi Accidenter um Méindegowend, ee weideren en Dënschdegmoien

E Méindeg den Owend haten d'Rettungsekippen op eise Stroossen nawell eppes ze dinn. Bannent kuerzer Zäit koum et zu dräi Accidenter, bei deenen eng Persoun blesséiert gouf.

Géint 17:45 Auer sinn um CR309 tëscht Harel a Waasser zwee Autoen anenee gerannt. D'Rettungsekippen vun der Stauséigemeng a vu Wolz waren op der Plaz. Bei der Kollisioun gouf kee blesséiert.

Nëmmen eng véierel Stonn méi spéit, géint 18 Auer, ass um CR122 tëscht Banzelt a Fluessweiler en Auto vun der Strooss ofkomm an am Gruef gelant. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D'Pompjeeë vu Fluessweiler an eng Ambulanz vu Jonglënster waren am Asaz.

Kuerz no 18 Auer gouf et nach en drëtten Tëschefall zu Obenthalt mat engem Auto deen eppes ze paken krut. D'Secouristen aus Biissen, Béiwen un der Atert a Réiden waren am Asaz. Et goufe keng Blesséierter gemellt.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅