Handball Red Boys Déifferdeng: Agron Shabani gëtt neien Trainer vun der Dammen-Ekipp

Nodeems de Stéphane Mina am Oktober als Dammen-Trainer bei de Red Boys Déifferdeng zréckgetruede war, deelt de Veräin e Méindeg mat, datt den Agron Shabani neien Trainer vun der Dammen-Handballekipp gëtt.

An engem Post op Facebook begrënnen d'Red Boys de Choix mat enger "grousser sportlecher Expertis". Den Agron Shabani war ënner anerem aacht Joer Nationaltrainer vun der kosovarescher Dammenekipp. Donieft hätt hie schonn Erfarung bei de Red Boys gesammelt.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅