Am Departement vun de Passagéierfligeren: Boeing sträicht fënnef Prozent vun den Aarbechtsplazen

Der US-Flugzeugbauer Boeing streicht im Bereich Passagierflugzeuge rund fünf Prozent der Stellen. Der Konzern begründete dies am Montag mit einer weniger schnellen Produktionsausweitung als zunächst geplant.

Den US-Fligerconstructeur Boeing sträicht am Beräich vun de Passagéierfligere ronn fënnef Prozent vun den Aarbechtsplazen. Grond dofir wier, datt sech d'Produktioun manner séier entwéckelt huet wéi geplangt. "D'Upassung vun eise Produktiounspläng an d'Verréngerung vun der Unzuel u Fligere féieren zu enger Iwwerbesetzung", huet d'Entreprise e Méindeg erkläert.

D'Aarbechtsplaze sollen deelweis duerch Entloossungen an deels doduerch, datt Mataarbechter fräiwëlleg ginn, ofgebaut ginn, wéi d'Cheffin vum ziville Fligerberäich, d'Stephanie Pope, erkläert. Doduerch, datt d'Produktioun sech manner séier erhéicht huet, sollen d'Boeing-Wierker an d'Partner an der Liwwerkette méi Zäit fir d'Upassung kréien.

Am Beräich vun de Passagéierfligeren hu fir d'lescht ronn 51.000 Leit bei Boeing geschafft. Am Ganze schaffe ronn 182.000 Leit fir Boeing.

Enn Oktober hat de Boeing-Chef Kelly Ortberg matgedeelt, datt d'Entreprise hiert Produktiounszil vun 52 Maschinne vum Typ 737 MAX pro Mount eréischt am zweeten Hallefjoer 2027 erreeche kann. Beim 787 Dreamliner ass d'Produktiounsquot aktuell bei aacht Maschinnen de Mount agefruer, amplaz vun den erwaarten zéng. Zu de Grënn zielen Deeler, déi feelen an Zouloossungen, déi méi laang gebraucht hunn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅