Widderstand géint Iran-Krich: Méiglech Impeachment-Prozedur géint US-Verdeedegungsminister Hegseth
Vun Trump-kriteschem RepublikanerAmtsentheebungsprozedur géint US-Verdeedegungsminister Hegseth lancéiert
De republikanesche Kongressdeputéierten Thomas Massie huet d'Prozedur géint den US-Verdeedegungsminister abruecht.
Verëffentlecht: 09.11.26 20:44, Update: 09.11.26 20:54

No der Walnéierlag vun den US-Republikaner ass de Verdeedegungsminister Pete Hegseth mat enger méiglecher Destitutiounsprozedur konfrontéiert. Den Trump-kritesche republikanesche Kongressdeputéierten Thomas Massie huet Prozedur e Méindeg zu Washington mat der Presentatioun vun Uklopunkte géint den Hegseht op de Wee bruecht. Schonn e Mëttwoch kéint d'Kongresskammer doriwwer ofstëmmen.
De Massie reprochéiert dem Hegseth Amtsverstéiss an aacht Beräicher. Ënnert anerem hätt hien ouni den Accord vum Kongress de Krich géint den Iran virugedriwwen a säi Pouvoir als Verdeedegungsminister iwwerschratt. Fir eng Amtsentheebung gëtt et allerdéngs grouss Hürden: Stëmmt d'Representantenhaus zou, fänkt e sougenannten Impeachment-Prozess am Senat un. An där Kongresskammer wier dann eng Zweedrëttelmajoritéit néideg, fir den Hegseth aus dem Amt z'enthiewen.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗