Franséischen Ausseminister reprochéiert: Iran soll fir Cyberattacken op Frigoe responsabel sinn

Frankräich reprochéiert dem Iran hannert de Cyberattacken op d'Frigoe vu Supermarchéen ze stiechen. De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot behaapt déi iranesch Revolutiounsgard wier fir dës Serie un Attacke responsabel.

Dëst wier déi éischt grouss ugeluechte Sabotage-Cyberattack op franséischem Territoire, esou de Barrot e Méindeg zu Paräis. Am Oktober waren alles an allem 700 Supermarchéen a Frankräich vun där Attack betraff. Elo géifen op europäeschem Plang Sanktioune géint déi Responsabel ausgeschafft ginn. Ma och Frankräich selwer wëll verhältnesméisseg an noutwenneg Mesuren decidéieren. D'Justiz wier scho mam Fall befaasst an och den iraneschen Ambassadeur soll abestallt ginn.

Bis ewell war net bekannt, wien hannert den Attacke stieche soll. Et gouf Vermutungen, datt et hybrid Attacke vu russescher Säit kéinte sinn. Nieft Frankräich waren och Lëtzebuerg a sëllegen aner europäesch Länner vun de Cyberattacke betraff, déi dozou gefouert hunn, datt grouss Quantitéiten u Liewensmëttel hu missen ewech geheit ginn.

De franséische Parquet huet Ermëttlunge wéinst falschem Zougrëff op e System, fir Donnéeën ze veraarbechten, opgeholl, "fir enger auslännescher Muecht ze déngen, nämlech dem Iran". D'Ermëttlunge riichte sech géint d'Cyber-Unitéit mam Numm Schahid Kaweh, déi zu der iranescher Revolutiounsgard gehéiert. Géingt hire Chef wieren international Mandat d'arrêten ugefrot ginn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅