Artikel 19 vun UN-Behënnerterechtskonventioun: CCDH gesäit Lacunnen an Ëmsetzung zu Lëtzebuerg

Artikel 19 vun UN-BehënnerterechtskonventiounCCDH gesäit Lacunnen an Ëmsetzung zu Lëtzebuerg

Mënsche mat enger Behënnerung sollen autonom liewe kënnen a selwer decidéieren, wou a wéi si wunnen. Dëst Recht ass am Artikel 19 vun der UN-Behënnerterechtskonventioun festgeschriwwen.

Verëffentlecht: 09.11.26 16:12

D'Mënscherechtskommissioun CCDH huet d'Ëmsetzung vun dësem Artikel zu Lëtzebuerg ënner d'Lupp geholl an dobäi Lacunne festgestallt. Ënner anerem géif et net genuch adaptéierten a bezuelbare Wunnraum ginn, an d'Prozedure fir Adaptatioune vu Wunnenge wiere komplizéiert an deier. Och fir déi perséinlech Assistenz géif nach ëmmer e gesetzleche Kader feelen. Zousätzlech wiere vill Servicer nach net genuch op d'Besoine vu Mënsche mat enger Behënnerung ausgeriicht.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅