"Onofhängeg Enquête": Intern Enquête bei Nvidia wéinst presuméierter Affär vum CEO mat chineesescher Spiounin

De Grond si Medieberichter, no deenen de CEO Jensen Huang eng Relatioun mat enger chineesescher Geschäftsfra gehat soll hunn, déi verdächtegt gëtt, fir de chineesesche Geheimdéngscht ze schaffen.

Verëffentlecht: 08.11.26 22:18, Update: 08.11.26 22:18

De Verwaltungsrot vum Konzern huet erkläert, et géif aktuell keng Hiweiser ginn, datt Geschäftsgeheimnisser oder d'national Sécherheet vun den USA a Gefor gerode wieren.

Den Huang soll awer weider un der Spëtzt vum Entreprise bleiwen.

De Jensen Huang huet iwwerdeems zouginn, senger Fra net trei gewiescht ze sinn. Hien huet sech dofir bei senger Fra a senge Kanner entschëllegt an d'ganz Verantwortung fir säi Verhalen iwwerholl.

Engem Bericht vun der "New York Times" no sollen US-Geheimdéngschter dovun ausgaange sinn, datt d'chineesesch Geschäftsfra Alice Huang, déi eng enk Relatioun mam Nvidia-Chef gehat hätt, fir de chineesesche Ministère fir Staatssécherheet spionéiert hätt.

An enger Erklärung huet de Jensen Huang betount, datt hien d'Enquête voll ënnerstëtze géif a mat den Enquêteure kooperéiere wäert. Hien huet och seng Ënnerstëtzung fir d'national Sécherheet vun den USA ënnerstrach.

Nvidia gehéiert zu de wäertvollsten Entreprisen op der Welt a spillt eng zentral Roll bei der Entwécklung vun der Hardware fir kënschtlech Intelligenz.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅