De Merz wëll si e Méindeg proposéieren: Ilse Aigner soll déi éischt Fra un der Spëtzt vum däitsche Staat ginn

De Merz huet seng Decisioun e Sonndeg den Owend bei engem Iesse mat der CDU-Spëtzt an der Parteizentral matgedeelt. E Méindeg soll de Parteigremie vun CDU an CSU de Virschlag offiziell presentéiert ginn.

Och d'SPD huet schonn signaléiert, d'Kandidatur vun der 61 Joer aler Politikerin z'ënnerstëtzen. Domat kéint si op eng Majoritéit an der Bundesversammlung zielen.

Den Aigner ass zanter 2018 Presidentin vum bayresche Landtag. Virdru war si ënner anerem däitsch Landwirtschaftsministesch a gehéiert zanter Joren zu de markante Gesiichter vun der CSU.

D'Wiel vum neie Bundespräsident ass fir den 30. Januar 2027 geplangt. D'Ilse Aigner soll domat d'Nofolleg vum Frank-Walter Steinmeier untrieden, deen zanter 2017 am Amt ass.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅