National Autoritéite mellen: An der Ukrain koum et op en Neits zu Attacken

Alt nees ware primär Energie-Infrastrukturen d'Zil vun den Ugrëffer.

Verëffentlecht: 08.11.26 12:03

E Mann steet op de Ruine vu Gebaier, nodeems et de 7. November 2026 nees zu russeschen Attacken op Kiew koum.

An der Ukrain koum et nees zu diversen Attacken. Wéi déi ukrainesch Autoritéite mellen, wieren an der Nuecht op e Sonndeg nees wichteg Energie-Anlage getraff ginn. Aktuell hätten Honnertdausende Stéit am Zentrum an am Oste vum Land kee Stroum.

D'Reparaturaarbechte wieren zwar amgaangen, nach wier awer net kloer, wéini d'Stroumversuergung nees iwwerall assuréiert ass. E Samschdeg eréischt hat d'Ukrain russesch Attacken op d'Energie-Infrastruktur am Land gemellt.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅