National Autoritéite mellen: An der Ukrain koum et op en Neits zu Attacken
Alt nees ware primär Energie-Infrastrukturen d'Zil vun den Ugrëffer.
Verëffentlecht: 08.11.26 12:03

An der Ukrain koum et nees zu diversen Attacken. Wéi déi ukrainesch Autoritéite mellen, wieren an der Nuecht op e Sonndeg nees wichteg Energie-Anlage getraff ginn. Aktuell hätten Honnertdausende Stéit am Zentrum an am Oste vum Land kee Stroum.
D'Reparaturaarbechte wieren zwar amgaangen, nach wier awer net kloer, wéini d'Stroumversuergung nees iwwerall assuréiert ass. E Samschdeg eréischt hat d'Ukrain russesch Attacken op d'Energie-Infrastruktur am Land gemellt.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗