Amoklaf mat 6 Doudesaffer zu Krakau: Dräi Läiche beim Täter doheem fonnt ginn
Bei Schëss op enger Maartplaz an der polnescher Stad Krakau sinn e Samschdeg e puer Mënschen ëm d'Liewe komm an anerer blesséiert ginn.
Verëffentlecht: 07.11.26 16:41, Update: 07.11.26 16:44

Dat huet d'Stadverwaltung op X matgedeelt.
De PremierbDonald Tusk huet erkläert, datt d'Police den Tëschefall ënnersicht. Offiziell Detailer zu den Ëmstänn waren ufanks nach net bekannt.
Der polnescher Zeitung "Fakt" no sollen op d'mannst fënnef Persoune gestuerwe sinn. Zéng weider Mënsche wiere blesséiert ginn, dorënner och Polizisten. Eng Persoun gouf festgeholl.
Den Haaptmaart gouf mëttlerweil evakuéiert. D'Hannergrënn vun der Dot sinn nach onkloer
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗