Ronderëm Kiew: Ukrain mëllt grouss Schied no russeschen Attacken op Energie-Infrastrukturen

De besuergte Buergermeeschter vu Kiew Vitali Klitschko

D'Ukrain mëllt gréisser Schied un Energie-Infrastrukturen an der Regioun ronderëm d'Haaptstad Kiew, dat no russeschen Attacken an der Nuecht op e Samschdeg.

D'Stroumversuergung vun der ukrainescher Haaptstad wier "extrem schwiereg", esou de Buergermeeschter Vitali Klitschko e Samschdeg de Moien op der Online-Plattform Telegram. Och d'Waasserversuergung an d'Fernwärme-Netzer wiere betraff. Rieds geet och vu fënnef Blesséierten, dorënner ee Kand.

D'nächst Woch si weider Verhandlungsgespréicher zu Abu Dhabi geplangt fir en Enn vum Ukrainkrich. Russland an d'Ukrain sollen en Dënschden eng Delegatioun dohinner schécken, dat fir Dräiergespréicher mam Vermëttler USA.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅