Präparatioune fir d'Winterlights: Chrëschtbam an der Stad Lëtzebuerg ukomm

Schonn Enn Oktober fänkt d'Stad Lëtzebuerg un, sech op de Wantermaart virzebereeden. An der Stad Lëtzebuerg gi 16 Beem opgeriicht. Dëse Samschdeg ass de Chrëschtbam op der Place d'Armes ukomm. Déi 15 Meter héich Dänn kënnt aus Däitschland bei Bonn an ass 35 Joer al.

Verëffentlecht: 07.11.26 09:33, Update: 07.11.26 09:51

Kuerz no 7 Auer um Samschdegmoie stoung déi 15 Meter héich Dänn op senger neier Plaz op der Place d'Armes an der Stad.

Um 6 Auer Moies ass de Camion mat der ongewéinlecher Liwwerung op der Place d'Armes ukomm. Gutt verpaakt louch hannendrop déi 15 Meter laang Dänn. Den Zäitpunkt vun der Aktioun fir de Chrëschtbam opzeriichten, ass extra esou fréi am Dag gewielt ginn, well dann nach net vill Leit ënnerwee sinn an och keen Trafic ass. Esou kënnt ee gutt mat den zwee grousse Gefierer bäi. Nieft dem Camion, deen d'Dänn bruecht huet, huet och ee Kran misste agesat ginn, fir de Bam opzeriichten.

Wéi de Bam um kuerz viru 6 Auer Moies ukomm ass, war et nach däischter.

Wéi de Bam um kuerz viru 6 Auer Moies ukomm ass, war et nach däischter. © Lea Schwartz

© Lea Schwartz

© Lea Schwartz

De Bam kënnt aus Däitschland aus der Géigend ëm Bonn.

De Bam kënnt aus Däitschland aus der Géigend ëm Bonn. © Lea Schwartz

Mat engem Kran ass de Bam virsichteg opgehuewen an opgestallt ginn.

Mat engem Kran ass de Bam virsichteg opgehuewen an opgestallt ginn. © Lea Schwartz

De Bam , deen dëst Joer op der Place d'Armes wäert wärend dem Wantermaart stoen, ass 15 Meter héich.

De Bam , deen dëst Joer op der Place d'Armes wäert wärend dem Wantermaart stoen, ass 15 Meter héich. © Lea Schwartz

Déi nächst Deeg soll en nach dekoréiert ginn.

Déi nächst Deeg soll en nach dekoréiert ginn. © Lea Schwartz

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

A bësse manner wéi enger Stonn konnt de neie Chrëschtbam op seng nei Plaz bruecht ginn. An deene nächsten Deeg soll en och dekoréiert ginn, wäert bis viraussiichtlech Mëtt Januar stoe bleiwen an déi ganz Chrëschtzäit op senger neier Plaz op der Place d'Armes Chrëschtstëmmung verbreeden.

De ganze Reportage kënnt e Samschdeg den Owend am Journal.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅