Am Alter vu 85 Joer: Moler a Galerist Fred Becker ass gestuerwen

De Kënschtler war virun allem fir seng Landschaften a spéider seng abstrakt Kreatioune bekannt.

Verëffentlecht: 07.11.26 08:24, Update: 07.11.26 09:37

De Lëtzebuerger Moler a Galerist Fred Becker ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen. Zënter 1960 war hien als Moler zu Lëtzebuerg aktiv. Ugefaange mat Landschaftsmolerei, ass hie spéider virun allem fir seng abstrakt Wierker bekannt gewiescht.

Niewent der Molerei, war de Fred Becker awer och Galerist an hat vun 1981 bis 2010 déi bekannt Galerie "Becker" an der Stad.

D'Bäisetzung vum Kënschtler gouf am klenge familiäre Krees ofgehalen.

Am Joer 2010 war de Fred Becker Freides-Invité op der RTL-Antenn beim Christiane Kremer. Hei de kompletten Interview:

Radio - Freides-Invité: Fred Becker beim Christiane Kremer

Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅