Maniffen a Frankräich : Däitlech manner Leit op de Stroossen ewéi déi 3 viregt Weekender

A Frankräich gëtt e Samschdeg op en neits gestreikt. Et ass de véierte Samschden hannerteneen, datt landeswäit Protester sinn. Ugefaangen hat et mat Protester vu Studenten, déi besser Konditiounen an de Schoulen an op den Unien gefuerdert hunn.

Entretemps ginn a Frankräich Honnertdausende Mënschen op d'Strooss, dorënner och Gewerkschaften a Gilets jaunes. Nieft méi finanzielle Moyene fir d'Bildung, ginn och besser Salairen a Steiergerechtegkeet gefuerdert.

Fir e Samschdeg sinn eng 70.000 Policebeamten a Gendaarme mobiliséiert ginn fir gréisser Ausschreidungen ze verhënneren. Elleng zu Paräis gi sech de Weekend 40.000 bis 60.000 Demonstranten erwaart.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅