Verdacht op Besëtz vu Kannerpornografie: Schwéierpapp vum Prënz Harry festgeholl ginn

Verdacht op Besëtz vu KannerpornografieSchwéierpapp vum Prënz Harry festgeholl ginn

Wéinst dem presuméierte Besëtz vu kannerpornografeschem Material ass den Thomas Markle a Florida vum FBI festgeholl ginn.

Verëffentlecht: 06.11.26 17:31

Den Thomas Markle ass zu Miami vun FBI-Agente festgeholl ginn.

Den Thomas Markle, Papp vum brittesche Prënz Harry senger Fra Meghan Markle, ass vun FBI-Agenten an engem Altersheem zu Miami festgeholl ginn, nodeems d'philippinnesch Police wéinst dem Verdacht op Besëtz vu kannerpornografeschem Material géint hien ermëttelt hat.

Dem 82 Joer alen Thomas Markle säi fréiert Haus op de Philippinnen war Enn Oktober duerchsicht ginn. Dobäi ware grouss Quantitéite Material an e Laptop séchergestallt ginn, op déi säi Bouf Thomas jr. gestouss war. Ausserdeem huet déi mexikanesch Police am Kader vun den Ermëttlungen e Lagerraum ënnersicht. Dem Parquet vum Bundesstaat Baja California no war dëse vum Markle gelount ginn.

Liest dozou och:

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅