Nofolleg vum Frank-Walter Steinmeier: Kéint d'Ilse Aigner nei Bundespresidentin an Däitschland ginn?

Ob d'CSU-Politikerin tatsächlech kandidéiert, ass nach net offiziell decidéiert.

Verëffentlecht: 06.11.26 17:16, Update: 06.11.26 17:20

D'Ilse Aigner gëtt ëmmer méi als méiglech Nofollgerin vum däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier gehandelt, dat mellt d'ARD. D'Presidentin vum bayresche Landtag an CSU-Politikerin kritt mëttlerweil Ënnerstëtzung iwwer Parteigrenzen eraus.

Nieft dem CSU-Chef Markus Söder hunn och Vertrieder vun der CDU, der SPD an deene Grénge positiv op eng méiglech Kandidatur reagéiert. D'Wiel vum neie Bundespresident ass fir den 30. Januar 2027 virgesinn.

D'Nominéierung vun der CSU Politikerin soll deemno e Méindeg annoncéiert ginn. Eng Decisioun fält awer eréischt den 30. Januar.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅