A Richtung Tréier: 3 Blesséierter bei Accident an der Sortie Fluessweiler vun der A1

Wéinst dem Tëschefall, bei deem de Samu am Asaz war, hat d'Sortie zäitweis musse gespaart ginn. Donieft ass an der Uewerstad e Foussgänger ugestouss a blesséiert ginn.

Verëffentlecht: 06.11.26 16:46, Update: 06.11.26 17:08

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Géint 15:20 Auer ass et e Freideg um CR142 zu engem Accident komm. Op der Héicht vun der Sortie Fluessweiler vun der A1 a Richtung Tréier hate sech zwee Autoen ze pake kritt. Dobäi sinn dräi Persoune blesséiert ginn an nieft den Ambulanzen aus der Stad a vu Mäertert war och de Samu op der Plaz, grad esou wéi d'Pompjeeë vu Menster a Fluessweiler. D'Streck war nom Accident zäitweis gespaart.

Um 13:30 Auer war an der Avenue Monterey an der Uewerstad eng Persoun ugestouss a verwonnt ginn. D'Rettungsdéngschter aus der Stad an de Samu waren am Asaz.

Ëm déi selwecht Zäit hat et zu Wolz an der Rue de Noertrange an enger Garage gebrannt. D'Pompjeeë vu Wolz a Géisdref hu sech drëms gekëmmert.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅