An den Apdikten: Enkpäss bei den Impfstoffer géint d'Gripp

Et ginn aktuell Enkpäss bei den Impfstoffer géint d‘Gripp. Dat betrëfft quasi all d‘Apdikten am Land. De Radio 100,7 hat dat e Freideg de Moie gemellt.

De President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikten Alain de Bourcy erkläert och RTL géintiwwer, dass d‘Apdikten nëmme 70 Prozent vun hire Commanden tatsächlech geliwwert kruten. De Grond: d‘Zesummesetzung vun den Impfstoffer huet changéiert. Dat huet zu Retarde bei der Produktioun gefouert. Dobäi kéim, dass d'Demande fir géint d‘Gripp geimpft ze ginn, dem Alain de Bourcy no dëst Joer méi grouss wier.

Dem President vum SPL no gëtt et kee Grond fir Panik: Nei Liwwerunge wäre virum respektiv wärend dem Weekend geplangt. Spéitstens d'nächst Woch misst et nees genuch Impfdosissen ginn.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅