Mann an Untersuchungshaft: Alkoholiséierte Chauffer ouni Permis an trotz zwee Fuerverbueter ënnerwee

Wéi d'Police schreift, war enger Patrull géint 1:45 Auer an der Route d'Esch zu Éilereng en Auto opgefall, deen en aneren Auto mat héijer Vitess iwwerholl huet. D'Beamte konnten den Auto doropshin an der Suessemer Strooss stoppen.

Bei der Kontroll ass opgefall, datt de Mann wuel gedronk hat, wat och duerch en Alkoholtest confirméiert gouf. Donieft huet de Chauffer zouginn, kee gültege Permis ze hunn. Bei der Iwwerpréiwung huet sech erausgestallt, datt et schonn zwee Fuerverbueter géint de Mann gouf. Donieft waren de Contrôle technique an d'Steiervignette vum Auto ofgelaf.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum dee selwechten Dag nach virun den Untersuchungsriichter.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅