CGDIS am Asaz: Ee Blesséierte bei Kollisioun tëscht zwee Autoen

Wéi de CGDIS schreift, hat géint 17:21 Auer an der Kapellestrooss zu Wëntger Dréck gebrannt. D'Pompjeeën aus der Gemeng hunn d'Feier geläscht.

Géint 18:21 Auer koum et iwwerdeem um CR305 tëscht Méchelbuch an Ettelbréck zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vum Zenter Nordstad versuergt.

Kuerz no 20 Auer goufen dann nach d'Stater Pompjeeë wéinst Iessen op enger waarmer Plack op Bouneweg op de Boulevard de la Fraternité geruff.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅