Invité vun der Redaktioun (5. November) - Charlotte Junck: Sozialdialog ass "e bëssen ewéi eng Koppel"
Invité vun der Redaktioun: Charlotte Junck
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.
D'Missioun bleift déi selwecht: d'Interessie vun de Betriber vertrieden. Dat sot déi nei Direktesch vun der Unioun vun den Entreprisen en Donneschdeg de Moien hei op RTL. D'Charlotte Junck huet awer och eng méi conciliéiert Approche vu Säite vum Patronat am Sozialdialog duerchblécke gelooss.
E bëssen no der Hallschent vun der CSV-DP-Legislaturperiod a vill zerbrachenem Porzeläin nom Sozialkonflikt mat de Gewerkschafte wéinst de Kollektivverträg an de Pensiounen – hunn d’Charlotte Junck de Marc Wagener als Direkter an de Marc Lauer de Michel Reckinger als President vun der UEL ofgeléist. D’Charlotte Junck sot, hir stéing net zou, fir d’Aarbecht vun der viregter Ekipp ze kommentéieren. Si sot awer, si geséich de Sozialdialog e bëssen ewéi d’Liewen "an enger Koppel".
Et géing Saache ginn, bei deenen ee sech méi eens ass an an anere manner. Et géing Situatioune ginn, déi méi "propice" wieren, fir en Accord ze fannen an anerer, déi méi "ugespaant" wieren. Den Accord op der Tripartite d’lescht Woch géing awer weisen, datt och, wann een ënnerschiddlech Interessien huet - "déi absolut legitim" wieren - ee sech eens kéint ginn.
Index an Aarbechtszäitorganisatioun
D'Inflatioun duerch eng staatlech Interventioun bremsen hat natierlech manner Sprengstoff fir de Sozialdialog ewéi aner Sujeten. Den Index zum Beispill wier der neier UEL-Direktesch no nach ëmmer "delikat" an eng duebel Strof fir Betriber, well déi als éischt d’Hausse vun de Käschte missten astiechen an dann nach nach d’Salairen an d’Luucht setzen. D’Charlotte Junck huet awer no enger Tëschefro gutt fonnt, datt am Verglach mam Ausland Lëtzebuerg méi soziale Fridden hätt. Et soll ee "frou" sinn, datt een an engem Land ass, an deem eppes gemaach gëtt, fir d’Kafkraaft ze stäerken.
En aneren, méi sensibelen Dossier tëscht de Sozialpartner bleift d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit, déi d’Regierung an d’Patronat wëlle flexibiliséieren. De Marc Spautz, deen de Georges Mischo als Aarbechtsminister ofgeléist huet, huet nei Proposen op den Dësch geluecht an ënnert dem Stréch soll méi flexibelt Schaffen duerch Kollektivverträg gereegelt ginn.
"Och do ass et kee Geheimis, datt mir léiwer gehat hätten, et wier am Gesetz gewiescht", esou d’Charlotte Junck, déi d’Fro opgeworf huet, ewéi kleng Betriber da géinge behandelt ginn. D’UEL an d’Gewerkschafte sinn amgaang, d’Proposen ënnert d’Lupp ze huelen, mee d’UEL-Direktesch huet schonn ugekënnegt, datt d’Patronat sech op der nächster Reunioun vum permanente Beschäftegungscomité "Ouverture" wäert "wënschen".
Charlotte Junck: Juristin mat Lien zur Stolindustrie
Am Ufank vum Interview huet sech déi nei Direktesch vun der UEL virgestallt. Si ass 41 Joer al, gebierteg vun Diddeleng, mee huet och dräi Joer laang zu Madrid gelieft, well hire Papp (de Roland Junck, nvdr) do fir Arcelor Mittal geschafft huet.
Si huet Droit, mee och Kriminalwëssenschaft zu Paräis a Stroossbuerg studéiert. No e puer Joer als Affekotin huet si de Service juridique bei "Päiperléck aides et soins à domicile" opgebaut. Si wier "absolut net" politesch affiliéiert.
En Donneschdeg de Moie waren d'Erausfuerdunge fir d'UEL Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗